Ënnert den Top Artiste waren och d'Billie Eilish, d'Jonas Brothers, de Khalid an d'Taylor Swift.

Gëschter Owend waren d’Billboard Music Awards zu Los Angeles am Dolby theatre. NBC huet dat ganzt iwwerdroen an den host war fir dat drëtt Joer hannerteneen d’Kelly Clarkson.

Natierlech net esou wéi een dat gewinnt ass mat vill TamTam, mee Virtuell. En Gros kann ee soen, dass dee grousse Gewënner vum Owend de Rapper Post Malone ass. Insgesamt 9 Präisser ginn nämlech hei op de Konto vum Kënschtler. Dorënner ënnert anerem: Beschte Kënschtler, beschte Rapper, beschte Rap-Album fir ‘’Hollywood’s Bleeding’’, beschten Newcomer.

De Museker selwer huet och a senger Ried gesot, dass hie begeeschtert ass wéi extrem d’Musek, Leit matenee verbënnt.

Lauschtert eran

Bescht Kënschtlerin ass hei d’Billie Eilish. D'Sängerin konnt sech ausserdeem fir den Album ''When we all fall asleep, where do we go?'' iwwert d’Auszeechnung ''Bescht Billboard 200 Album'' freeën.