No ronn 60 Joer zitt de Museker e Schlussstréch ënnert de Kontrakt vu sengem aktuelle Label.

Nodeems de Stevie Wonder lescht Joer nach eng nei Nier kritt huet, huet e sech elo nees hannert de Musek-Business geklemmt. Hien huet nämlech säin eegene Label gegrënnt a verléisst dowéinst no bal 60 Joer ''Motown Records''. De 70 Joer ale Museker hat eréischt 11 Joer wéi e bei Motown Records ënner Vertrag geholl ginn ass.

Fir elo den neie Label ze starten huet de Stevie den 13. Oktober déi nei Tracks ''Where Is Our Love Song'' an ''Can’t Put it In The Hands Of Fate'' released. Ausserdeem wäert et eng nei EP an e Soloalbum mam Titel ''through The Eyes of Wonder'' ginn. An enger Pressekonferenz sot de Museker dës Woch, dass hien zwar Motown verlooss hätt, ma de Label hien awer ni verléisst. Hie wier sech sécher an Zukunft eraus ze fanne wéi een zesumme schaffe kéint.