Den 23. Oktober sollten déi 2 lëtzebuerger Kënschtler zesummen optrieden. Ma d'Pandemie geheit de Plang op d'Kopp.

Chaild ass offiziell lescht Joer am Abrëll gegrënnt ginn vum Adriano Lopes Da Silva. E jonke Singer-Songwriter deen zu Liverpool liewt, ma awer vu Lëtzebuerg ass. Bekannt ass hien duerch säi ganz eegene Styl vu Pop.

Op der aanere Säit hu mer de Maz. 2018 war hien hei zu Lëtzebuerg nominéiert fir ''Best upcoming Artist'', war den Akt virum Nicki Minaj an der Rockhal a war lescht Joer esouguer op senger eegener Europa-Tour.

Déi 2 Museker, déi och schonn zesumme geschafft hunn, sollten den 23. Oktober an der Kulturfabrik zu Esch optrieden. Ma wéinst der aktueller Pandemie an der Situatioun bei eis am Land ass decidéiert ginn de Concert ofzeblosen.

Wéi mir vum Chaild bestätegt kruten, ass de Concert op nächst Joer verluecht ginn an dat och um nämmlechten Datum. D ‘Tickete bleiwe bis dohin natierlech valabel.