De Lil Nas X an d'Lady Gaga hu Bicher eraus bruecht. De Campino vun den Toten Hosen och an huet esouguer grousse Succès domat.

Ëmmer méi Museker bréngen nieft hire Lidder och nach Bicher eraus. Esou zum Beispill de Lil Nas X an d'Lady Gaga. Ob se elo domat erfollegräich sinn oder net, gëllt et ofzewaarden.

Ma ee Museker huet schonn e bësse méi laang e Buch eraus bruecht an zwar de Campino vun den Toten Hosen. Mat sengem éischte Buch, dat e mam Piper Verlag verëffentlecht huet, huet de Museker et direkt un d'Spëtzt gepackt. D'Buch ''Hope Street: Wie ich einmal englischer Meister wurde'' ass ënnerhalb der éischter Woch direkt op Plaz 1 vun de renomméierte Spiegel-Bestseller geklommen.

Et ass net just e Buch iwwert dem Campino seng Leidenschaft fir den FC Liverpool, mee och eng Aart Autobiografie iwwert hien a seng Famill. Donieft geet et och iwwer Däitschland an England, also e Stéck Zäitgeschicht.