Net all Mënsch ass frou mam aktuelle Präsident. Vill Persounen äussere sech och ganz kloer dozou.

Den 3. November sinn d’Walen an den USA. Dohannen ass dat en Thema dat erop an erof diskutéiert gëtt. Déi eng si pro Trump an anere si pro Biden. Ma vill Staren äussere sech och zu dem Thema an dat net ëmmer an engem banalen Interview, mee zum Beispill a Form vun engem Song.

D’Demi Lovato huet nämlech en neit Lidd um Marché. Inhaltlech gëtt Musekerin do ganz politesch. Schaarf Kritik géigeniwwer dem aktuelle Präsident gëtt geäussert a fuerdert d’Leit dozou op wielen ze goen.

Géigeniwwer vum Sender CNN huet d’Musekerin gesot, dass et sech gewënscht hätt den Trump mat enger jett Froen ze konfrontéieren. Well dat awer méi einfach gesot wéi gemaach ass, huet d’Demi Lovato déi Froen elo an e Song verpak. Esou kann déi ganz Welt se héieren an net just de Präsident.

Den neie Song ''Commander In Chief''übt deemno staark Kritik op den Trump aus. Ënnert anerem séngt d’Musekerin doriwwer wéi et sech ufillt nach ootmen ze kënne wärend dat ganzt Land an enger Kris ënnergeet a Mënsche stierwen.