Den Dezember kënnt lues awer sécher méi no. D'Musekerin lancéiert deen éischte Song deen op d'Chrëschtdeeg preparéiere soll.

Nei Musek gëtt jo reegelméisseg annoncéiert. Virun allem elo am Hierscht freeë sech net just vill Leit op nei Songs, mee fir genau ze sinn op Chrëschtdag-Songs. Genau do hu mer dann elo deen éischter Museker oder besser gesot déi éischt Musekerin déi esou een Track released. An zwar ass dat soss keen anere wéi d’Ava Max.

Mat sengem biergerlechen Numm heescht d’Musekerin Amanda Ava Koci an huet albanesch Wuerzelen. D’Kënschtlerin mat der Powerstëmm ass 1994 zu Milwaukee op d’Welt komm an huet elo ''Christmas Without You'' eraus bruecht.

View this post on Instagram

Christmas came early 🎁

A post shared by AVA MAX (@avamax) on