Eng riseg Loftblos an der jeeweils ee Mënsch Plaz huet. Eng eventuell Méiglechkeet fir trotz Pandemie sech kënne "fräi" op engem Concert ze beweegen.

An Zäite vu Corona e Concert ze organiséieren ass net ganz einfach. Déi üblech Mesure wéi zum Beispill, dass Sëtzplazen an den Ofstand tëscht de Leit muss garantéiert sinn, si mëttlerweil Standard. Natierlech ass et esou net méiglech eng normal Atmosphär op engem Concert ze kreéieren an esou laang d'Situatioun an der Welt net changéiert, wäert en normale Besuch op engem Concert net méiglech sinn.

D'Museker wëllen natierlech trotz der Pandemie net op d'Optrëtter verzichten, well dat jo awer e groussen Deel vun hirem Daily Business ass. Déi grouss Fro ass elo wéi e Besuch op engem Concert an Zukunft kéint ausgesinn?

D'Äntwert huet eventuell d'US-Band ''The Flaming Lips''. Déi hunn nämlech bei engem Concert mat 100 Leit e ganz speziellt an eenzegaartegt Konzept opgestallt. Alleguerten d'Fans a wéi et ausgesäit och d'Band selwer, waren an esou genannte ''Bubble-Balls''. Déi grouss Bäll ginn normalerweis an oppe Schwämmen oder op Fräizäit-Events agesat. Dobäi handelt et sech einfach ëm riseg grouss opblosbar Bäll an der ee Mënsch Plaz dran huet. Domat gëtt net nëmmen den Ofstand agehale mee och d'Aerosole vun den Zuschauer bleiwen der eegener Loftblos a witzeg gesäit et och nach aus.