Fir de gudden Zweck triede verschidde Museker op a verhënneren domadder gären, dass kleng Museks-Lokaler hir Diere mussen zou maachen.

Concerte kënne jo momentan nach ëmmer net esou ofgehale gi wéi mer eis dat wënschen, respektiv wéi et ufanks vun dësem Joer nach méiglech war. Eng Alternativ sinn natierlech virtuell Concerten. Esou ass leschte Weekend och d'Miley Cyrus opgetrueden. Am Kader vum ''Save Our Stages'' Festival ass d'Musekerin am bekannte Rockclub zu Los Angeles ''Whiskey A Go-Go'' opgetrueden. De Festival huet als Zil ze verhënneren, dass verschidde Museks-Lokaler duerch d'Pandemie hier Diere mussen zou maachen. Deemno trëtt an all geplangem Lokal en aanere Museker op an dat ganzt huet sech iwwert 3 Deeg gezunn.

Interessant ass dem Miley Cyrus säin Optrëtt. 3 Lidder huet et zum beschte ginn. Dorënner e cover vun de Cranberries hirem ''Zombie'', ee vun The Cure mat hirem ''Boys Don't Cry'' an natierlech huet d'Miley och nach en eegene Song zum beschte ginn, an zwar Midnight Sky.

Dobäi huet een d'Sängerin am éischte Moment net direkt erkennt. Hei ass elo net riets vum Ausgesinn, mee vun der Stëmm hier. Et ass ee jo gewinnt, dass d'Miley e bësse méi eng rau Stëmm huet, ma hei huet et nach eng aner Säit vu sengem Gesang presentéiert.