Zwou Gitarren déi den Eddie Van Halen selwer entworf huet, ginn am Dezember versteet.

Nom Doud vum Museker Eddie Van Halen sollen zwou vu senge Gitarren am Dezember versteet ginn. De Van Halen huet déi zwou Gitarren selwer entworf an dacks drop gespillt, heescht et vum Auktiounshaus Julien's Auctions zu Los Angeles. Si kéinte bei der fir de 4. a 5. Dezember ugesater Stee pro Stéck tëscht 40.000 an 80.000 Dollar abréngen. De Van Halen war Ufank Oktober am Alter vu 65 Joer un de Suitte vun enger Kriibserkrankung gestuerwen.