De mëttlerweil 45 Joer ale Museker war schonn op der Leinwand ze gesinn. Ma an Zukunft kéint dat méi dacks de Fall sinn.

Dem 50 Cent seng Aarbecht nieft der Musek kann een definitiv net als just en Zäitverdreif klasséieren. No der Ukënnegung vun der Serie iwwert de Sträit mam ''The Game'', huet de Fifty et elo op e Public ofgesinn, dat sech gäre gurselt. Wéi d' Zäitschrëft ''The Hollywood Reporter'' matdeelt, huet de Rapper e Produktiouns-Deal iwwert 3 Horrorfilmer oofgeschloss.

Zesumme mam Indie-Studio 3BlackDot an der Produktiounsfirma vum Eli Roth, wëll de Museker sech un dee Projet erun trauen. Den Eli ass schonn am Beräich vum Horror bekannt. Esou zum Beispill gi Filmer wéi ''Hostel'' oder ''Cabin Fever'' op seng Kap an huet iwweregens eng ganz gutt Bezéiung mam Quantin Tarantino an ass och scho selwer als Schauspiller op der Leinwand opgetaucht, dat zum Beispill am Film ''Inglrious Bastards''. We want to make the movies others are too afrad to make, esou den Eli.

De 50 Cent selwer seet, dass en et kaum erwaarde kann dës Filmer ze maachen an der Welt ze weise wat se amgaange sinn ze kreéieren. Ob de Rapper an deene Filmer vill Zäit op der Leinwand oder éischter am Hannergrond verbréngt, ass nach net gewosst.