D'Musekerin huet et elo offiziell bestätegt. Rock a Metal schéngen dem Miley et ugedoen ze hunn.

Leschte Weekend ass d'Miley Cyrus zu Los Angeles am Rockclub Whiskey a Go-Go opgetrueden. Dat am Kader vum Festival ''Save Our Stages''. D'Iddi dohannert ass deenen Etablissementer finanziell ze hëllefen, déi duerch d'Pandemie riskéieren hir Dieren eventuell mussen zou ze maachen. Iwwert ee ganze Weekend ass do an all Club en aanere Museker opgetrueden.

D'Miley huet sech also dem Rock-Club ugepasst an huet och eng aussergewéinlech rockeg Stëmm ausgepaakt. Et fält engem bei deem Optrëtt direkt op, dass déi stëmmlech Faarf ganz gutt bei d'Sängerin passt. Elo huet d'Musekerin dann offiziell bestätegt, dass et niewent sengem Album ''Miley Cyrus Is Coming'' och nach un engem weidere Longplayer schafft an zwar engem Metal-Coveralbum. Esou behaapt dat op jiddwerfalls d'Miley géigeniwwer vum ''Interview Magazine''.

Et kann een also gespaant si wat an Zukunft vun der Kënschtlerin ze erwaarden ass. Wann ee sech den Optrëtt aus dem Whiskey A Go-Go ukuckt, da kéint dat ganzt och nach e groussen Erfolleg ginn. Stëmmlech passt et mol wéi d'Fauscht op d'A.