Heiansdo brauch ee soss näischt wéi e Frieme mat TikTok, e Skateboard, en Hit aus der 70er Joren an e bësse Chance fir nees un d'Spëtzt ze kommen.

Wie lëschteg Videoe wëll kucken, an deenen d'leit op hir Liblingssongs Choreographien danzen oder wéi bei Karaoke méiglechst synchron matgesonge gëtt, dee kënnt net laanscht TikTok.  Ronn 800 Mënschen notzen dat soziaalt Netzwierk weltwäit. Ma och an der Museksindustrie ass TikTok mëttlerweil e wichtegt Instrument.

1977 huet d'Rockband Fleetwood Mac hiren Album Rumours verëffentlecht an ass domat op Plaz 1 an den amerikanesche Billboard-Charts geklommen. Elo, 40 Joer méi spéit, ass den Album nees zeréck an den Top 10 a gëtt och nach milliounefach gestreamed. An dat alles wéinst TikTok. Fir genau ze si wéinst dësem Video:

Den Nathan Apodaca aus dem US-Bundesstaat Idaho, fiert op sengem Skateboard an drénkt Cranberry-Saft aus enger plastiks Fläsch. Dobäi filmt hie sech a séngt zum Fleetwood Mac Hit Dreams aus hirem Nummer 1 Album Rumors. Dee 15 Sekonne-Clip vum 25. September geet viral a bréngt d'Band nees zeréck an d'Charts.

Wéi TikTok matdeelt, si bal 70 Prozent vun all den Notzer ënner 25 Joer. Dat heescht, dass déi Leit zu den Zäite vum groussen Erfolleg vun der Band nach guer net gebuer waren. Nostalgie kann een hei als Erfollegs-Faktor definitiv ausschléissen.