Net just musikalesch huet de Samu sech veréiwegt, mee och nach am Bicherregal. D'Biografie vum Sänger huet nämlech ageschloe wéi eng Bomm.

Nodeems de Lil Nas X, d'Lady Gaga an de Campino vun den Toten Hosen e Buch eraus bruet hunn, ass dann elo och de Samu Haber vu Sunrise Avenue ënnert den Auteuren. D'Biografie vum Sänger gëtt et säit knapp enger Woch ze kafen an ass och direkt an 2 Länner un d'Spëtzt geklommen. Op Instagram huet de Frontmann vun der Band ugekënnegt, dass säi Buch Nummer 1 an offizielle Bestseller an Däitschland an Nummer 1 a Finnland wär.

Natierlech huet de Museker och direkt d'Chance genotzt fir all deene Leit Merci ze soen, déi him gehollef hunn um Buch ze schreiwen. Wéi esou dacks, gëtt d'Biografie net just vum Star selwer geschriwwen, mee mat Hëllef vun engem professionnellen Auteur. Wat an dësem Fall den Tuomas Nyholm.

Fir awer scho mol e klengen Deel aus dem Buch ze verroden: Vill Momenter an der Biografie si wéi Aachterbunnfueren ouni Sécherheetsgurt