De Museker huet ugekënnegt, dass hien déi virtuell Bün wëll notzen. Fir Halloween wärend den ''Fortnightmares'' erwaart d'Spiller e Concert vum Kënschtler.

Wéi een op ''Däitsch'' géing soen ''Not macht erfinderisch''. Dat ass quasi de Slogan vu ganz ville Museker. Niewent de Singlen an Alben déi se eraus bréngen an domat hiert Brout verdéngen, sinn natierlech och Optrëtter am Liewe vun engem Kënschtler extrem wichteg. Esou weess een direkt, dass aktuell e Problem besteet. Concerte ginn et am klassesche Sënn aktuell net.

E Problem deem sech vill Museker stellen an och Léisunge fannen. De Marshmello, Travis Scott an Diplo hunn et scho virgemaach an zwar e Concert iwwert d'Videospill ''Fortnite''. Am Online-Spill op deem Spiller aus der ganzer Welt géinteneen untrieden ass mat de genannte Kënschtler schonn e virtuellen Optrëtt ofgehale ginn. Eng Bün gëtt deemno am Spill opgeriicht an d'Leit versammele sech do virdrun. Ma genau op deen Zuch spréngt elo och den J. Balvin op.

De 35 Joer jonke Sänger huet ugekënnegt beim ''Fortnightmares'' -Event fir Halloween opzetrieden. Am Bezuch op d'Show sot den Museker: "I am always looking for innovative ways to connect with fans that have been so incredibly supportive of my career and music, as well as gain exposure to future fans. Partnering with 'Fortnite' is an out of this world way to perform a concert in 2020''.

Fortnite huet d'Potential fir Museker eng grouss Plattform wärend der Pandemie ze bidden.