Den 23. Oktober hu se hiren neien Album ''Song Machine, Season One: Strange Timez'', released an ugekënnegt, dass se op Lëtzebuerg kommen.

Et ass eng virtuell brittesch Band déi aus véier 2D Comicfigure besteet. 1998 ass se vum Damon Albarn, dem Sänger vu Blur an dem Jamie Hewlett, dem Zeechner a Co-Auteur vum Comic Tank Girl gegrënnt ginn.

Dee bekanntsten an domat och erfollegräichste Song war Clint Eastwood am Joer 2001. Méi wéi 915’000 mol ass déi Single verkaf ginn.

Genau déi Band kënnt zeréck op Lëtzebuerg. Den Atelier organiséiert nächst Joer e Concert vun de Gorillaz, fir genau ze si wäert dat den 1. Juli 2021 an der Rockhal de Fall sinn.

Mat dobäi hu si natierlech och Songs wéi zum Beispill Clint Eastwood, Rock the House an Tomorrow Comes Today. Dat ass awer nach laang net alles. Neit Material hu se nämlech och am Gepäck an zwar hiren neien Album Song Machine: Season One-Strange Timez.

De Virverkaf fänkt de 6. November um 10h00 mueres un. Weider Infoe fannt der natierlech och um Internetsite vum Atelier.