Nodeems d’Walen an den USA en Thema sinn, huet d’Ariana Grande e Song released an deem et sech virun allem am Video, als President vun den USA weist.

Déi 27 Joer jonk Musekerin aus Florida an den USA ass mëttlerweil aus der Musekswelt net méi ewech ze denken.

Bekannt ginn ass d’Ariana duerch d’Roll vum Cat Valentine an de Nickelodeon-Serie Victorious a Sam & Cat, genau esou wéi duerch den internationalen erfollegräiche Studioalbum My Everything. Fir säi 4. Album huet d’Musekerin da lescht Joer och säin éischte Grammy gewonnen an der Kategorie Best pop Vocal Album.

Elo huet d’Kënschtlerin dann offiziell eng nei Single op de Marché bruecht. Positions nennt sech de Song an ass e bëssen anescht wéi déi Tracks, déi mer an der lescht vun ëm gewinnt waren. deen heiten ass méi douce a relax, mat enger Gittar déi een duerch de ganze Song .

Am Video zum lidd gesäit een d’Ariana Grande als President vun den USA.