De finnesche Sänger seet och, dass en eigentlech keng Symptomer hat.

Dass de Samu Haber positiv ass, huet de Sänger eigentlech nëmmen duerch Zoufall eraus fonnt. Fir bei enger finnescher Show dierfen dobäi ze sinn, huet e sech missen teste loossen. Ma d'Resultat war leider positiv. Dat bedeit, dass de Sänger déi nächst Zäit nëmmen nach op der eegener Couche sëtzen dierf. Well eigentlech sollt de Samu dëse Freiden och nees nierft dem Rea Garvey sëtzen, dat als Team an der däitscher Versioun vun "The Voice". Ma de Rea muss dann elo mol eleng no neie musikaleschen Talenter fuerschen.