Eigentlech sollt de franséische Kënschtler den 1. Dezember hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal optrieden.

Mat den héijen Infektiounszuelen ass et nees net méiglech fir Concerten ofzehalen an awer fir d'Sécherheet vu jidderengem ze garantéieren. Dofir goufen nees eng Partie Events vun der Rockhal ofgesot. Dorënner och d'Concerten vum Loïc Nottet, Woodkid oder Nightwish.

Ma och dem GIMS säin Concert muss op een Neits verréckelt ginn. Dat och, well Eventer bei deene méi wéi 100 Persounen present sinn net méi dierfen ofgehale ginn. Ma een neien Datum ass awer och scho bekannt. D'Organisateuren hunn elo den 2. Juni 2021 festgehalen. D'Tickete bleiwe weider valabel.