Obwuel dem Whitney Houston säi Mega-Hit "I will always love you" net grad nei ass, ass en nach ëmmer immens beléift.

Wéi et schéngt, huelen d'Fans vum Whitney Houston et eescht punkto Trei bleiwen. Obwuel d'Lidd an den 90er eraus komm ass, gëtt de Video och elo nach ëmmer fläisseg geklickt. An zwar esou fläisseg, dass d'Ballad am sougenannten "Billion Views Club" vu YouTube gelant ass.

Domat ass dem Whitney säi Song iwwert eng verluere Léift dat éischt Lidd vun enger Solokënschtlerin aus den 90er dat an dësen elitäre Club komm ass. Virdrun haten 3 Videoen vu grousse Bands aus den 90er et dohi gepackt. Dat waren eemol "November Rain" vu Guns N'Roses, "Smells Like Teen Spirit" vun Nirvana an nach "Zombie" vun The Cranberries.