D'Sängerin an E!News hunn d'Nouvelle en Dënschdeg via Twitter matgedeelt.

D'Demi Lovato ass net ganz friem bei de People's Choice Awards. Ganzer 5 Mol huet d'Demi selwer gewonnen, a gouf och 12 Mol nominéiert. Ma dëst Joer, ass d'Demi Lovato da selwer de Master of Ceremony. De 15. November begleet d'Sängerin duerch den Owend, méi genee wäert d'Award-Show an engem Hangar zu Santa Monica ofgehale ginn.

Ganz trei no de Richtlinne vum "Physical Distancing" hunn E!News an d'Demi déi gutt Nouvelle via Twitter matgedeelt:

Dëst Joer si fir d'PCA's ënnert anerem Taylor Swift, Lady Gaga, Dua Lipa, Justin Bieber, Jonas Brothers oder och d'Ariana Grande. Den Award fir "The People's Icon" kritt iwwregens d'Jennifer Lopez, an den Tyler Perry kritt d'Auszeechnung fir "The People's Champion of 2020".