Déi nei Single nennt sech "Plain" an ass mëttlerweil déi 4. Single vun der Sängerin.

Déi neiséilännesch Kënschtlerin BENEE huet mat senger Single "Supalonely" als éischt TikTok an duerno d'Charts weltwäit gestiermt. Elo gëtt et no senger Single "Snail" nees ee weidert Lidd. "Plain" handelt dovun, dass ee bei enger fréierer Léift erlieft, dass dës weiderzitt. Dofir ass dem BENEE no och d'Zil vum Lidd enger Persoun ze hëllefen, déi sech grad an esou enger Situatioun befënnt. Dat, well et der Sängerin no ee blöd Gefill hunn, a "Plain" soll engem dozou hëllefen sech dovun net beaflossen ze loossen. Mat dësem Message erkläert d'BENEE och d'Wiel fir seng musikalesch Ënnerstëtzung. D'Lily Allen an d'Flo Milli si mat dobäi, well se "op eng cool Aart a Weis frech sinn an hir Zeilen d'Lidd einfach nach eemol op een aneren Niveau gehuewen hunn!", wéi d'BENEE et ausdréckt.

Donieft gëtt et nach eng weider gutt Nouvelle: den Debüt-Album vum BENEE ass och geschwënn dobaussen. De Longplayer nennt sech "Hey u x", an huet 13 Lidder op der Tracklist stoen. De Release-Datum ass op den 13. November ugesat.