Et ass deen éischten digitale Showcase deen esou hei zu Lëtzebuerg organiséiert gouf, a bitt eng kleng Ofwiesslung vum Alldag.

Dir hätt eigentlech nees Loscht op ee Concert, an am Beschten nach mat Museker Kënschtler? Dann haalt iech den Owend fräi, fir deen éischten digitale Showcase hei am Land. Wien elo denkt, dass et nees ee Concert aus der Stuff vun de Museker ass läit hei falsch. De Showcase "amplify:LX" gouf komplett an engem Studio opgeholl, esou dass een doheem bei sech och dee richtege Sound huet.

Mat dobäi sinn eng ganz Partie vu Lëtzebuerger Kënschtler. Sief dat Bands wéi TUYS, a KleinMusic, oder och Solo-Kënschtler wéi Chaild a Maz. Fir sou zimmlech all Goût dierft den Owend eppes ze fanne sinn.