All d'Fans vun der brittescher Sängerin mussen nach e bëssen op d'Zänn bäissen bis neit Material dobaussen ass.

Nodeems d'Adele d'lescht Woch bei der amerikanescher Comedy-Show "Saturday Night Live" den Host vum Owend war, hu vill Fans sech natierlech gefreet. Eemol fir iwwerhaapt nees een ëffentlechen Optrëtt vun der Sängerin ze hunn. Mee och villäicht, well ee gehofft huet, dass et elo och nees nei Musek vun der Brittin gëtt.

Déi Hoffnungen huet d'Adele awer elo selwer wuel zerstéiert. An engem Post op Instagram huet d'Adele iwwert säin Optrëtt bei SNL geschwat, an deenen eenzele Persounen, déi involvéiert ware Merci gesot. An am Schluss-Saz vu sengem Post huet d'Adele matgedeelt wéi säi Schluss vum Joer wuel wäert ausgesinn: "Ech ginn elo nees zeréck a meng Höhl, fir weider d'(Single) Kaze-Fra a mer auszeliewen. Peace out bis nächst Joer."