Dat huet d'Sängerin e Mëttwoch Owend bei engem Instagram-Livestream matgedeelt.

D'Livestreams si wuel déi Event-Form, mat der kee gerechent hat, ma dëst Joer awer dominéieren. Esou hat och d'Billie Eilish ee virtuelle Concert organiséiert, bei dem virun allem d'Visual Effects dozou bäigedroen hunn, dass et net einfach just ee langweilege virtuelle Concert war.

Elo wäert dann och d'Dua Lipa nächste Mount, méi genee den 27. November ee grousse Livestream-Event organiséieren. Dat Ganzt nennt sech "Studio 2054", an et soll eng "komplett nei multidimensional Live-Experienz ginn."

D'Sängerin wäert Lidder aus sengem "Future Nostalgia", "Club Future Nostalgia" a sengem Debut-Album "Dua Lipa" performen, an dobäi "sech duerch extra gebaute Bünebiller, surrealen TV-Showen, Rullschong-Discoen beweegen" an nach villen anere Plazen. Ma virun allem wäert d'Dua awer net eleng ze gesinn an ze héiere sinn. Et sollen och Dänzer, Akrobaten oder Skater dobäi sinn an nach eng ganz Rei Superstar-Gäscht ze gesi sinn.

D'Tickete wäerten ab dësem Freiden, 9 Auer eiser Zäit disponibel sinn, a ronn 10 Euro kaschten.