De Rapper huet dem Kandidat Biden ganz offiziell erlaabt, de Song ''Lose Yourself'' fir seng Campagne ze huelen.

D'Wale vum neie Präsident an den USA sti virun der Dier. Esou ass et och kloer, dass verschidde Staren hiren Afloss op d'Leit notzen, fir se an déi eng oder aner Richtung ze drécken. Esou ass dat zum Beispill de Fall beim Rapper Eminem. Dass dësen net besonnesch frou mam aktuelle Präsident Donald Trump ass, ass jo mëttlerweil kee Geheimnis méi.

Ma den Eminem huet dem Joe Biden ganz offzielle d'Erlabnis ginn, de Song ''Lose Yourself'' fir seng Walcampagne ze notzen, déi gëschter ugefaangen huet. De Biden huet de Video, deen d’Leit dozou opfuerdert wielen ze goen op YouTube gesat. E Video deen den Eminem Natierlech och op sengem Twitter-Profil gepost an dobäi geschriwwen huet:

''One opportunity ... #Vote''

Domat weist de Museker ganz kloer op wéi enger Säit hie steet.