D’Lady Gaga an Jon Bon Jovi hu missten astiechen. Ma dat weist, dass d’Musek an eiser Welt eng wichteg Roll spillt, esouguer an der Politik.

Um leschte Walkampf-Dag huet den Donald Trump sech et net huele gelooss nach eng Kéier iwwert verschidde Staren ze lästeren.

Wéi den nach aktuelle Präsident seng Ried um Méindeg zu Avoca, Pennsylvania op en Enn bruecht huet, hätt ee kéinten erwaarden, dass en dat ganzt mat engem Walverspriechen ofschléisst. Dat war allerdéngs net de Fall an den Donald Trump huet en ongewéinleche Wee gewielt.

En huet sech einfach mol iwwert Promie wéi zum Beispill d'Lady Gaga an Jon Bon Jovi lëschteg gemaach an d'Leit opgestëppelt. Héchstwarscheinlech einfach just aus dem Grond well déi 2 Museker ëffentlech gemaach hunn, dass se fir den Joe Biden wiele wäerten.

''Now he’s (Joe Biden) got Lady Gaga '', esou den Donald wärend der Veranstaltung. Hie behaapt vill Geschichten iwwert d'Musekerin ze kennen. Wéinst sengem Ënnertoun kann een dovunner ausgoen, dass hien domat knaschteg Geschichte mengt.