D’Musekerin séngt de Klassiker an der neier Doku iwwert de Fussballveräi Liverpool.

D'Lana Del Rey huet en Akapella-COver vun ''You'll Never Walk Alone'' eraus bruecht. Eng Versioun déi an der neier Dokumentatioun iwwert den englesche Fussballveräi Liverpool wäert virkommen.

Den originale Song ass am Rodgers & Hammerstein Musical ''Carousel'' virkomm, bis dann 1963 déi iwwerschaffte Versioun vun Gerry & The Pacemakers d'Hymne vum Veräi ginn ass.

Ëffentlech gemaach huet et de Cover iwwert en Instagram-Post. D'Lana séngt hei an engem schwaarzwäiss Video d'A-capella-Versioun vum Klassiker.