Esou kéint der ganzer Branche, zu der natierlech och d'Museker gehéieren, immens gehollef ginn.

Déi aktuell Pandemie huet op vill Beräicher am Liewen eng Auswierkung. Ma ee Beräich dee ganz besonnesch getraff gouf ass d'Eventzeen. Duerch d'Lockdowns an de "Social Distancing" ass et net méi méiglech Concerten, Theaterstécker oder organiséiert Partyen ze goen. Eleng an Däitschland si méi wéi 1 Millioun Leit am Beräich vun der Kultur an den Evenementer aktiv. Duerch deen neien Lockdown an eisem Nopeschland missten nees all kulturell Veranstaltungen ofgesot ginn.

Den däitsche Museker Herbert Grönemeyer huet elo eng Propose gemaach, wéi een dësem Beräich hëllefe kéint. Well net nëmme géifen Existenzen um Spill stoen. Dëse Beräich ass nämlech och dee sechst-wichtegste fir déi däitsch Ekonomie mat engem Ëmsaz vun 130 Milliarden Euro.

Fir sécher ze stellen, dass de Kultur-Secteur net ganz ënnergeet, huet de Sänger eng konkret Propose: eng "Solidaritätssonderzahlung der Vermögendsten". Domat mengt de Grönemeyer ganz konkret déi 1,8 Millioune Millionären déi an Däitschland liewen. Wann dës dozou bereet wieren zweemol eng Zomm tëscht 50'000 an 150'000 Euro ze bezuelen, géifen esou an engem Joer 200 Milliarden Euro zesummen. An esou ee Secteur opfänken, Leit hir Existenze sécheren, an dozou bäidroen, dass et am Land vun den "Dichter und Denker" net op eemol immens roueg gëtt.