Et ass hire mëttlerweil 10. Longplayer, vun deem se selwer kleng Snippets op Twitter gepost hunn.

D'Foo Fighters hunn d'Ukënnegung vun hirem neien Album quasi am Guerilla-Merketing-Style ofgezunn. Verschidde Fans sinn nämlech, am Golden State, Luucht-Projektioune mam Logo ''FF'' opgefall. Niewent dem duebelen F war och nach en X ze gesinn, woubäi dee fir déi Réimech 10 steet. Also en Zeechen op en neien Album, well dëse wär effektiv hiren zéngten.

Eigentlech hat d'Band am Februar schonn dovunner geschwat, dass den Album deemnächst fäerdeg ass, ma och hinnen huet de Virus e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.

Fir d'Fans heescht et also sech nach e bësse mussen ze gedëllegen. Allerdéngs wäert de Sound um Longplayer net esou sinn, wéi d'Fans et eigentlech vun der Band gewinnt sinn. Den Dave Grohl huet nämlech schonn am Mee gesot, dass de Sound éischter eng Dance-Musek-Produktioun änelt:

''It's filled with anthemic, huge, sing-along rock songs. It's weird because it's almost like a dance record — not like an EDM, disco, modern dance record. It's got groove, man. To me, it's like our David Bowie's Let's Dance record."

Grousses steet deemno an de Startlächer. Fir dann d'Virfreed op d'Spëtzt ze dreiwen, huet d'Band haut iwwert hiren Twitter Account kleng Ausschnëtter vum Album released.