Et ass déi 8. Episod vun hirem audiovisuellen Projet "Song Machine". Donieft sinn d'Tickete fir de Concert nächst Joer hei zu Lëtzebuerg disponibel.

Fir den neien Titel "The Valley of Pagans" hu sech d'Gorillaz den amerikanesche Sänger Beck mat an d'Boot, oder besser gesot an den Auto geholl.

Am Clip vum Video gesäit een déi virtuell Band Gorillaz haaptsächlech duerch d'Géigend fueren. An alleguer déi Leit, déi sech mam Spill "Grand Theft Auto" auskennen, erkennen direkt Ähnlechkeeten zu San Antonio. Dëst ass déi fiktiv Stad an der de Spiller bei GTA V ënnerwee ass.

Den amerikanesche Sänger Beck ass deene meeschte wuel nach duerch seng Single "Loser"  aus dem Joer 1994 bekannt.

Donieft ginn et ab dem 6. November och Ticketen ze kafe beim Atelier, fir de Concert vun de Gorillaz, den 1. Juli 2021.