Dëse Freide kënnt och de Musekvideo fir d'Single mat der belscher Sängerin Angèle eraus.

Obwuel een ouni Zweifel soe kann, dass d'Dua Lipa aktuell immens erfollegräich ass, huet d'Sängerin awer och elo nach Schwieregkeeten. Dat sot d'Sängerin an engem Interview mam Attitude Magazin.

Deemno géif een als Fra am Business ëmmer een Drock spiere sech mussen ze beweisen. Dat well vill Leit et esou gesinn, dass een ee "Produit" ass vun engem aneren. Doduerch huet een deen ënnerlechen Drock an déi Angscht sech ëmmer mussen ze beweisen an ze demonstréieren dass et net esou ass. Besonnesch wann ee, wéi déi 25-Joer al Sängerin seng eegen Texter schreift. Hatt géif nämlech net an engem Raum sëtzen an einfach drop waarden, dass iergendee seng Lidder schreift.

Och bei engem Video-Dréih hätten d'Regisseuren eng konkret Virstellung wéi eng Sängerin auszegesinn huet, oder sech undoe soll. Ma d'Dua mécht do awer net esou ganz mat. "Wann ech eng kuerz Jupe soll undoen, well dat vun engem "Pop-Star" erwaart gëtt, an et awer mega kal ass, maachen ech et och net."

De Freiden ass dann och de Musekvideo fir seng rezent Kollaboratioun mat der belscher Sängerin Angèle erauskomm.