OneRepublic kommen de 24. Oktober 2021 zréck op Lëtzebuerg- fir e Concert live an d'Rockhal.

OneRepublic sinn zréck! 4 Joer no hirem leschten Album "Oh My My“ wëllt di amerikanesch Band mat neier Musek vum Album "Human" am Gepäck zréck op d'Bün. Den Album soll 2021 eraus kommen.

Di éischt 3 Singelen "Wanted“, "Somebody To Love“ a "Rescue Me“ maache Loscht op méi. Wéinst de Corona-Restriktiounen hat di geplangten Tour vun 2020 allerdengs net konnten ofgehale ginn. 2021 wëlle OneRepublic hir Tour awer nohuelen. Geplangt ass an deem Kader och e Concert den 24. Oktober 2021 an der Rockhal.

De Virverkaf fänkt Freides den 13. November um 9h un um Internetsite vum Atelier.