An direkt 4 Kategorien huet d'K-Pop Sensatiouns-Band gewonnen.

De Sonnde waren d'MTV Europe Music Awards. Obwuel d'Lady Gaga zwar mat deene meeschten Nominatiounen era gaangen ass, krut d'Sängerin "nëmmen" zweemol och d'Trophäe. Dat eemol fir "Best Artist" an nach fir "Best US Act".

Déi südkoreanesch Band BTS huet da ganz grouss gewonnen. Si goufen direkt véier mol ausgezeechent. Dat fir "Best Group", "Biggest Fans", "Best Virtual Life Performance", an hir Hit-Single "Dynamite" huet nach "Best Song" fir sech entscheet.

Aner Gewënner waren nach Doja Cat fir "Best New Artist", Coldplay an der Kategorie "Best Rock", d'Cardi B fir "Best Hip Hop" an d'Hayley Williams krut de Präis fir "Best Alternative". Den Justin Bieber war zwar 5 mol nominéiert, mee krut dëst Joer keng Auszeechnung. Dofir gouf en awer ernimmt fir seng Kollaboratioun bei "Best Video" fir d'Lidd POPSTAR, dat den DJ Khaled mam Drake a mam Justin opgeholl hat.

De Sam Smith hat dann och ee politesche Statement um Schluss vu sengem Optrëtt: "Don't f*** with queer kids." Eng Uspillung un d'Resultat vun den US Walen.