D'Noriicht ass a Sekonne ronderëm d'Welt gaangen: den Joe Bide gëtt deen nächsten US-President. Ma och an der Musekswelt goufen et vill Reaktiounen.

Et huet ee sech net nëmmen driwwer gefreet, dass den Joe Biden ab Januar wuel am Oval Office sëtzt. Och d'Tatsaach, dass d'Kamala Harris elo déi éischt Fra am Amt vum Vizepresident ass, huet vill Leit an och vill Museker gefreet.

"Haut gouf Geschicht geschriwwen fir all déi kleng Meedecher déi haart gi sinn ronderëm d'Welt" huet zum Beispill d'Jennifer Lopez ënner Tréinen a senger Insta-Story matgedeelt. "Et ass ee wonnerbare, wonnerbaren Dag!"

D'Lady Gaga huet och net laang gebraucht bis et reagéiert huet. An engem Live-Video op Instagram, huet d'Sängerin hiren Emotioune fräie Laf gelooss. Mat Tréinen an den Aen huet d'Lady Gaga gemengt, dass et hofft, dass grad jiddereen dës Nouvelle mat feiert. An, dass et ee ganz besonneschen Dag wier, un dem vill Mënschen endlech opootme kéinten. "Dat [Resultat] ass gutt fir d'Welt. Et fillt sech esou un, wéi wann déi ganz Äerd vu Gott ëmäerbelt gi wier."

D'Camila Cabello huet eemol ee klenge Reaktiouns-Video vun doheem aus der Stuff geschéckt. An dobäi geschriwwen, dass et net kéint ophale mat kräischen. "Léift gewënnt!"

Och d'Rihanna, dat zwar  zanter 2018 haaptsächlech zu London lieft, huet senge Follower op Twitter matgedeelt, wat et iwwert d'Resultat denkt:

Déi wuel emotionaalste Reaktioun koum awer vum Lizzo. An engem Live-Video vu 4 Minutten huet d'"Truth Hurts" Sängerin net nëmme gekrasch, mee och doriwwer geschwat, wat dëst Resultat fir hatt als Afro-Amerikanerin an och als Fra bedeit. Och wann et nach net sou ganz gleewe kéint, dass den Trump aus dem Oval Office eraus muss, hätt et fir déi éischte Kéier a 4 Joer nees esou richteg Hoffnung gespuert.