A stéisst domat den Ed Sheeran vum Troun an der UK.

Dem Lewis Capaldi säin Debut-Album "Divinely Uninspired to a Hellish Extent" ass am Mee 2019 eraus komm. An et ass wuel net falsch ze soen, dass den Album een immense Succès hat. Nieft Brit Awards, Grammy's, MTV VMA's oder och Billboard Awards, huet de Lewis Capaldi immens vill aner Präisser ofgeraumt mat senger Musek.

An och an de UK Charts huet de Lewis sech breet gemaach. Anscheinend wëll en nach ëmmer net esou richteg fort aus der Top 10. vun de UK Album Charts. Zanter ganzer 77 Wochen sëtzt de Schott elo op enger vun de staark ëmkämpfte Plazen. An huet et elo gepackt sech méi laang an den Top 10 vun de UK Album-Charts ze hale wéi den Ed Sheeran mat sengem Album "÷".

Domat huet de Schott ee Rekord vum Ed Sheeran sengem Album geknackt, ma anerer awer nach net. Dem Ed säin Album war zum Beispill 20 Woche laang op der éischter Plaz, dem Lewis säin dogéint "nëmmen" 10 Wochen.