Dat huet de kanadesche Rapper an engem Instagram-Live senge Fans gezielt.

Dem Drake säin neien Album soll am Januar 2021 eraus kommen, a wäert "Certified Lover Boy" heeschen. D'Fans freeë sech natierlech schonn. An engem Instagram-Live huet ee Fan gemengt, dass säin Album "Views" aus dem Joer 2018 net onbedéngt déi beschte Kritike krut, ma elo 2020 warscheinlech ganz anescht ukomm wier.

Den Drake huet ganz souverän dorop reagéiert an dem Fan och Recht ginn. Den Drake mengt dann och, dass genuch Leit schlecht op säin neien Album wäerte reagéieren. Bis elo ass just d'Single "Laugh Now Cry Later" vu Certified Lover Boy dobaussen, deen den Drake am August released huet.