D'Hit Single "Dynamite" ass natierlech och mat drop!

Alleguer d'Fans vun der K-Pop Band "BTS" hu sech de Release-Datum sécher scho rout am Kalenner ugestrach. Fir all déi, déi et nach net gemaach hunn: den 20. November 2020, ass et sou wäit. Da bréngt d'Band hiren neie Studio-Album BE eraus.

Fir d'Band huet den neien Album och vill mat der Pandemie ze dinn. Awer an enger immens positiver Aart a Weis. De Museker wier bewosst ginn, wéi wichteg et och fir hir Fans ass BTS weider optrieden ze gesinn, well si dat glécklech mécht.

Schonn am Viraus gouf jo vum Management vu BTS matgedeelt, dass deen neien Album wuel am Beschte wäert verkierperen wie BTS wierklech sinn.

Elo ass dann och d'Tracklist vum Album bekannt:
1. "Life Goes On"
2. "Fly To My Room"
3. "Blue & Grey"
4. "Skit"
5. "Telepathy"
6. "Dis-ease"
7. "Stay"
8. "Dynamite"