Dat vun der amerikanescher "Recording Industry Association"!

Et ass ee Lidd, dat wuel wéi "Schnappi das kleine Krokodil" genee esou gehaasst gëtt, wéi anerer et feieren. "Baby Shark" ass zwar schonn 2016 erauskomm. Mee dat schéngt näischt drun ze ännere wéi beléift et och elo nach ëmmer ass.

Well elo am November 2020 huet et schonn eppes ganz Spezielles erreecht: mat bal 7,3 Milliarde Views ass d'Kannerlidd offiziell dee meescht-geklickte Video vun allen op der Video-Plattform.

Ma elo krut déi südkoreanesch Produktioun dann eng weider Auszeechnung. An dat vun der amerikanescher "Recording Industry Association": Diamante Status. Dat huet bis elo nach ni ee Kannerlidd gepackt. Iwwerhaapt goufe bis elo eréischt 42 Singles mat Diamant ausgezeechent. Fir dës ze kréien, muss ee Lidd op d'mannst 10 Millioune sougenannte Units hunn.