En Donneschden um 19h00 eiser Zäit ass déi grouss Première op YouTube.

"Therefore I am" heescht déi nei Single vum Billie Eilish. D'Billie huet an engem Post op Instagram geschriwwen: “I’M SO EXCITED FOR THIS ONE.” An de Finneas huet gemengt: "You are not ready". Et dierf ee wuel staark unhuelen, dass d'Geschwëster och bei dësem Titel nees zesumme geschafft hunn. Bei sengem Instagram Post gëtt et dann och een éischten Ausschnëtt vum Lidd:

Den 12 November um 19h00 ass et dann souwäit. Op Youtube kann een d'Premiere vum Offizielle Musekvideo och direkt live mat verfollegen.

Donieft huet dem Billie säi Video vu senger Duerchbroch-Single "bad guy" et an de "Billion Views Club" gepackt. An och seng Single "lovely" zesumme mam Khalid ass um beschte Wee fir dohin.