Et geet ëm d'Gewanne vun der 1Live Krone...

Den Nico Santos huet sech als "Leonardo DiCaprio" vun der 1Live Krone bezeechent. Bis elo gouf den däitsche Sänger schonn 8 mol fir dëse Präis nominéiert. Ma all Kéiers dierft awer dunn een anere Kënschtler sech driwwer freeën.

Dofir huet den Nico een Opruff u seng Fans gemaach, dach w.e.g. eng Stëmm fir hien ofzeginn. Domat awer net genuch, en huet souguer déi aner Museker, déi och nominéiert goufen opgeruff, hier Fans ze motivéieren him ee Votte ze ginn.

Ma de Clueso huet dorop reagéiert. Mat enger klorer "Kampfuso": "Nico, das ist Games of Thrones und ich bin der Kronenkönig. Und wenn du so liebst fragst, dann wird das nichts."

De Clueso verlaangt also, dass den "Like I Love You" Sänger mat méi haarde Waffe kämpft. Zum Beispill an deems den Nico Santos de Clueso zum Beispill disst. No e puer Diss-Battleronnen op Instagram huet de Clueso dann erbaarme gewise fir den Nico: "Also votet für Nico Santos. Wir wollen zum Weihnachtskegeln und dafür brauch er 'ne Kugel. Er hat es schon achtmal probiert."