De kanadeschen R&B/Hip Hop Star The Weeknd wäert den Headliner vun der Halftime-Show beim 55. Super Bowl vun der NFL sinn.

Ee mol am Joer ass an den USA de Super Bowl. An do trëtt an der Halftime-Show ëmmer ee bekannte Kënschtler op. 2020 waren dat d'Sängerinnen Jennifer Lopez a Shakira. Dës Kéier huet dës Éier de Sänger The Weeknd. Dat huet hie selwer op Instagram matgedeelt, dass hien d'nächst joer de 7. Februar an der Halftime-Show optriede wäert.