Mat senger Single "Supalonely" ass déi neiséilännesch Sängerin op ee Schlag berüümt ginn.

Duerch TikTok ass d'BENEE quasi vun engem Dag op den anere berüümt ginn. Nodeems op der Video-Plattform d'User säi Lidd ëmmer nees an hir Videoe mat agebaut hunn, ass säi Lidd "Supalonely" och ëmmer méi ausserhalb vun TikTok gelaf. Supalonely huet natierlech och perfekt an d'Zäit vum Lockdown gepasst.

Elo ass dann deen éischten Album vun der 20-Joer aler Sängerin dobaussen. "Hey U X" huet 13 Lidder opweises, déi och alleguer zimmlech verschidde sinn. An awer huet d'BENEE et fäerdeg bruecht a sengem Album ze weisen wien hatt ass, a wéi et sou tickt. Duerch den Album héiert een och ëmmer nees dem BENEE seng Selbstzweifel. Och bei der Single "Kool" zu der et gëschter och een neie Video gouf, thematiséiert d'BENEE wéi et sech dacks net "cool" fillt, an sech iwwer Leit wonnert déi ëmmer esou wierke, wéi wann se genee wësse wat se soe mussen. Een Album dee sou munchem Teenager, mee och jonkem Erwuessenen aus der Séil schwätzen dierft. Well wie weess scho genee wat d'Zukunft bréngt?