Et ass déi éischt Solo Single zanter senger EP "7" lescht Joer.

De Lil Nas X ass bekannt dofir, dass e gären emol déi konventionell Dresscodes vun de Rapper sprengt. An dat huet en elo och nees am Video vu senger Single "Holiday" bewisen. Sief et als metallesch glänzenden Elf, oder Santa Claus. De Rapper fällt op, an huet och nach direkt e puer Danz-Choreographien dobäi. Och dat ass een net direkt gewinnt vun de männleche Rapper.

Muss een natierlech och soen: de Video spillt am Joer 2220, do kéint de "Weihnachtsmann" natierlech och e bëssen anescht ausgesinn wéi elo. An och dass dësen dann an engem roude Sportsauto duerch d'Nuecht flitt, gezunn vu Roboter-Rendéier ass warscheinlech plausibel.