De fréiere Member vu One Direction hat säin Album "Heartbreak Weather" zu engem schlechten Zäitpunkt eraus bruecht.

Eigentlech hat den Niall Horan fir säin Album "Heartbreak Weather" richteg vill Ziler. Eemol wollt den Niall domat op der 1. Plaz landen, en op enger ausverkafter Tour presentéieren an och ee Grammy dofir gewannen. An do ass d'Corona-Pandemie dertëscht komm.

Virun allem huet den Niall säin Album zu engem immens schlechten Zäitpunkt released ginn. Wéi hie selwer seet an engem Interview mat "Music Week", wier "Heartbreakt Weather" an der schlechtster Woch vun der Musek-Geschicht eraus komm. Ma d'Nummer 1 Platzéierung hat "Heartbreak Weather" awer hikritt.

Elo huet den Niall nees Pläng fir d'nächst Joer. Do wëll en nämlech nees ganz staark zeréck kommen. Wéi dat genee soll ausgesinn weess en awer nach net. Et kéint sinn dass en sech mat enger Single nee zeréck mellt. Mee da misst d'Pandemie och souwäit nees eriwwer sinn. Soss géif et schwiereg gi Promo ze maachen. Allgemeng géif vill dovun ofhänke wéi déi nächst Méint ausgesinn ronderëm de Globus.