D'Lady Gaga an den Justin Bieber waren am heefegsten nominéiert ginn.

Bei de People's Choice Awards ginn d'Gewënner net vun enger spezieller Jury ermëttelt. Mee wéi den Numm et scho seet vun de Leit selwer. Nieft Filmer a Serien oder och Pop-Culture, ginn och Präisser bei de Museker verdeelt.

Den Justin Bieber an d'Lady Gaga waren déi zwee Museker mat deene meeschten Nominatiounen. Allen zwee ware se a 7 Kategorien nominéiert. Nodeems den Justin nach bei den MTV European Music Awards trotz 5 Nominatiounen net gewonnen hat, huet et bei de People's Choice Awards anescht ausgesinn. Den Justin Bieber huet dann eemol an der Kategorie "Male Artist of the Year"gewonnen. D'Lady Gaga war zwar an der Kategorie vu "Female Artist of the Year" dobäi, mee schlussendlech huet d'Ariana Grande dës Auszeechnung kritt. Iwwerhaapt huet d'Lady Gaga trotz villen Nominatiounen keng vun den Trophäe mat heem geholl.

D'K-Pop Band BTS huet dann an dräi Kategorie gewonnen:

  1. Music Video of 2020 fir Dynamite
  2. The Song of 2020 och nees fir Dynamite
  3. The Group of 2020
  4. The Album of 2020 fir Map of the Soul

Dee beschte Country Sänger vun 2020 ass dann de Blake Shelton. Beschten New Artist gouf d'Doja Cat, deem duerch seng Single Say So mat Hëllef vun TikTok den Duerchbroch gelonge war. Als bescht Kollaboratioun vun 2020 goufen d'Cardi B an d'Megan Thee Stallion fir hir Single "WAP" ausgezeechent.