D'Fans vun deenen zwee kanadesche Sänger dierfe sech freeën: dëse Freide scho ass se do!

Et war eigentlech net eng Fro ob déi zwee Kënschtler eemol zesummen de Wee an de Studio fannen. Mee éischter wéini!

Ma dës Woch huet d'Waarden een Enn. Dëse Freiden, den 20. November kënnt d'Kollaboratioun vum Shawn Mendes an dem Justin Bieber eraus. D'Single nennt sech "Monster". Et ass déi zweete Single-Auskopplung aus dem Shawn Mendes sengem neien Album "Wonders". Dëse kënnt de 4. Dezember eraus.