Op enger Pressekonferenz en Dënschde Mueren huet d'Rockhal matgedeelt, wat déi nächst Wochen a Méint nach geplangt ass.

Och wann d'Joer 2020 definitiv méi roueg ofgelaf ass wéi soss an der Rockhal, wäert et och an deenen nächste Wochen awer net komplett roueg ginn.

Eemol kommen d'"Rocklab Popup Sessions". Do wäerten dann ëmmer nees eenzel Kënschtler ee Showcase spillen virun engem klenge Public. Duerno gëtt dann ee Video vun dësem Optrëtt online gesat. Bis elo si Concerte geplangt vu Francis of Delirium, Napoleon Gold an The Ground Club. Weider Museker an och DJ-Sets si geplangt.

Da gëtt vum 1. Dezember un den "Qwest Challenge" gestart. Jonker am Alter vun 12-25 Joer kënnen do ee Video era reechen, deen hir Talenter am Hip Hop weist. De Gewënner vum Concours dierf säi Video dann an der Rockhal professionell ophuelen.

All des Events a Concerte vun der Rockhal ginn eemol iwwert de YouTube Channel vun de Rockhal gewisen, an och op engem Kanal vu POST TV.

Donieft sollen dëse Wanter och d"'Rocklab Talks" gestart ginn. Dëst ass eng Méiglechkeet fir Leit aus der Musekszeen ze begéinen, an duerno gëtt et dann och ee Showcase gespillt.

Lauschtert hei de Reportage