Kee Lidd gouf méi dacks gesicht iwwert d'Applikatioun "Shazam", an dat zanterdeem d'App existéiert.

D'Musekapplikatioun Shazam gouf 2008 fir Smartphones lancéiert. All Mount gëtt d'App dann och elo vu ronn 200 Millioune Leit genotzt. An deenen 12 Joer goufen natierlech schonn immens vill Lidder gesicht.

Mat senger Single "Dance Monkey" huet déi australesch Sängerin 2019 den Duerchbroch gepackt. An zu deem Duerchbroch soll Tones And I no, och Shazam bäigedroen hunn. Am Ganze gouf d'Lidd 36,6 Milliounen mol iwwert d'App gesicht. Iwwregens ass all Lidd dat op dëser Top 100 Lëscht vu Shazam steet an deene leschten 10 Joer erauskomm.