Ganz iwwerraschend ass hiren 3. Album de 17. November um Mëtternuecht erauskomm.

Aner Museker hunn et scho gemaach, an Annenmaykantereit huet et och elo gemaach. An zwar einfach emol iwwerraschend ee kompletten Album eraus ginn. Ouni et grouss unzekënnegen ass de 17. November um Mëtternuecht einfach déi nei Plack "12" released.

Eigentlech sollt déi däitsch Band 2020 op grouss Tour goen, mat der se souguer zu Moskau, Sankt Petersburg an Istanbul sollten optrieden. An dunn koum d'Pandemie.

Deementspriechend ass doch déi ganz Zäit vum Lockdown an d'Gefiller ronderëm d'Covid19-Pandemie een Haaptthema vum Album. Fir de Severin, den Henning an de Christopher war et och wichteg a wéi enger Reiefolge d'Lidder um Album sinn. Den Henning erkläert et domat: "Den Album huet dräi Deeler - den däischteren Ufank, d'Opootmen duerno an déi batterséiss Wourecht zum Schluss".