Hir Single "Prisoner" kënnt den 20. November um 1 Auer Mueres eraus.

Et war zwar scho gewosst, dass déi zwou Musekerinnen zesummen am Studio geschafft hunn. An engem Instagram-Live am Abrëll hat d'Dua Lipa scho confirméiert, dass déi zwee effektiv un engem Lidd schaffen. Mee wéini et och géif eraus komme war net gewosst. Ma jiddereen dee scho waart dierf sech de Wecker stellen. Um 1 Auer Freides Mueres ass hir Single Prisoner dobaussen. Wéi d'Miley Cyrus an engem Interview sot, wier d'Single ee "perfekte Mix" vun deenen zwou Sängerinnen.

Prisoner ass dann och déi zweet Single-Auskopplung vum Miley sengem nächsten Album "Plastic Hearts". Dës Plack soll fir de 27. November dobausse sinn, an nieft der Kollaboratioun mam Dua Lipa och nach aner Gäscht dobäi hu wéi zum Beispill de Billy Idol, d'Joan Jett oder d'Angel Olsen.